PASSIOUN BADMINTON
Méi wéi just e Sport!
Egal ob Grouss oder Kleng, bei eis ass jidderee wëllkomm.
Säit méi ewéi 30 Joer ass eise Club feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Badminton.
Wann och där Deel vun der Clubgeschicht wëllt ginn, da kommt laanscht!
No ville spannenden an och schéine Joren zu Rëmeleng si mir elo an déi Käler Sportshal erëmzefannen!
IWERT EIS
Nodeems eise Club am Joer 1989 gegrënnt gouf, kenne mir op eng erfollegräich an zefridde Veräinsgeschicht zeréckkucken.
Mat sportlechem Engagement huet sech eis 1. Equipe an der Nationaldivisioun etabléiert, eis 2. Equipe erkämpft sech hier Platz an der 1. Divisioun gären zeréck an eis 3. Equipe verfollegt hier sportlech Zieler an der 4. Divisioun.
Donieft sinn eis Spiller och op deene 6 nationalen Tournoien an der Landesmeeschterschaft present a kenne reegelméisseg Victoirë verzeechnen.
Dann hunn mir och eis Jugendspiller, déi Erfarung a Freed um Spill am Jugendchampionnat sammelen, a vun eisen Traineren op all Trainingsdaag encadréiert ginn.
Wann also och du Loscht hues, deel vun eisem dynamesch a lëschtege Club ze ginn, kanns du eis roueg uschreiwen oder laanscht luusse kommen!

