
WËLLKOMM OP DER SÄIT VUM BADMINTON KAYLDALL
Aktuell : Saison 2025/2026

AKTUELL
Opgepasst:
Summerpaus / Hal zou
13. Juli - 2. August 2026
Senioren
· Bis d'Summerpaus: 3x d’Woch fräit Spill
· Reprise vum Training: 4. August 2026
· Reprise bis Ufank September: Dënschdes a Freides fräit Spill ab 19:00 Auer
Jugend
· Bis d'Summerpaus: Training nëmmen nach Mëttwochs a Freides mam Dan
· Wärend der Summervakanz kënnen avancéiert Spiller all Freiden ab 19:00 Auer op d’fräit Spill kommen.
· Reprise vum encadréierten Training: 8. September 2026
EIS UNIFORM


EIS SPORTSHAL
No ville spannenden an och schéine Joren zu Rëmeleng si mir elo an déi Käler Sportshal ze fannen.
Eis Hal ass de Centre Sportif Kayl (CSK) a befënnt sech am Häerze vum Kayldall.
Di nei Adress: 96 rue du Faubourg, L-3640 Kayl
Weebeschreiwung:
Eng detailléiert Weebeschreiwung fannt dir ënnert: Sportshal.
Championnat
Dë Freiden, 26.09.2025, starten eis Equipe an dat nationaalt Championnat.
Mir wënschen hinne vill Erfolleg!
Wann Dir interesséiert sidd, de Club ënnerstëtzen ze kommen, kennt dir gären ënnert dësem Link eise Spillkalenner ukucken. Do fannt dir da vir all Spilldag déi néideg Informatiounen.














